Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Coupe scolaire 2021

20/05/2021

Vum 17. bis den 19. Mee stung zu Käerch an der Schoul alles ënnert dem Zeechen vum Velo. Bei verschiddene Parcoursen am Schoulhaff konnten d'Kanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 hir Feeëgkeeten um Velo trainéieren. Héichpunkt war déi richteg Coupe scolaire, duerch d'Stroosse vu Käerch, fir d'Kanner vum C4.2, e Mëttwoch, 19. Mee. E grousse Merci den Elteren, de Matarbéchter vum technesche Service, sou wéi dem Organisatiounsgrupp.

Histoschool 2021

04/05/2021

Zesummen mam Leader Letzebuerg West, huet den Cycle 4 e flotte Projet an der Geschicht emgesat. Et gouf gehummert, geseet an an Leem geschafft. Um Enn vun engem ganz aktiven Dag huet den C4 e ganzt Fachwierkhaus opgeriicht. Vill Spaass beim Video.

De Fuuss zu Käerch

31/03/2021

Nodeems e Fuuss um Terrain vun der Käercher Schoul gesi gouf, huet de Fierschter, de Ben Louis,  d'Geleeënheet ergraff, fir all d'Kanner aus eiser Schoul an engem flotten Atelier iwert dest schlaut Déier ze informéieren. Dem Ben Louis e grousse Merci fir des Initiative.

1 9 10 11 13 14 15 37