Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Sponsorelaf Télévie 23.4.25

07/04/2025

Den 23. Abrëll 2025 organiséiert d'Käercher Schoul e grousse Sponsorelaf um Fussballsterrain (rue de la Montagne). Ab 8h30 lafen déi verschidde Klasse wärend jeeweils 40 Minutte fir esou vill Tier wéi méiglech ze lafen. De ganzen Erléis kënnt dem Télévie zegutt. Kommt d'Kanner op dësem Dag ënnerstëtzen. Hei den Timing:

8h30 - 9h10: C1 Michèle Lorang, C2.1 Martine Mangen, C3.2 Tessy Lucas, C4.2 Isabelle Haas

9h15 - 9h55: C1 Jessica Klein, C2.1 Monique Friederes, C3.1 Carmen Wagner, C4.1 Christophe Flammang

10h00 - 10h40: C1 Simone Glodé, C2.2 Laurie Golinvaux, C3.1 Estelle Wagner, C4.1 Peggy Kieffer

10h45 - 11h25: C1 Annick Fassbinder, C2.2 Liss Schroeder/Nathalie Portzenem, C3.1 Anne Scholtes, C4.2 J-L Medinger



Kleeschen 2024

02/12/2024

E Méinden, 2. Dezember 2024, war de Kleeschen an der Käercher Schoul ënnerwee fir de Kanner eng kleng Freed ze maachen. Kuckt hei d'Fotoen an d'Videoe vun de verschiddene Klassen.



Konferenz

30/09/2024

D'Equipe ESEB aus der Directioun 02 invitéiert ganz häerzlech op eng Konferenz mam Thema "Les effets multiples du stress à l'école sur l'enfant au cycle 4 - Passage de l'enseignement fondamental à l'enseignement secondaire.", den 7. Oktober um 19h00 am Centre Barblé zu Stroossen. All d'Elteren sinn ganz häerzlech invitéiert.



2 3 4 37