Covid-19-Mesuren
24/09/2020Léif Elteren,
Mir wëllen Iech nach eng Kéier op d’Mesuren opmierksam maachen, déi vum Educatiounsministère en Place gesat goufen, an déi mir alleguerten respektéieren mussen:
Äert Kand muss doheembleiwen, wann et krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet:
Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer:
- Féiwer,
- Houscht,
- Otemproblemer,
- Péng am Longeberäich,
- Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach
oder
minimum zwee vun deenen Niewesymptomer:
- Péng an de Muskelen;
- Middegkeet;
- Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft);
- Halswéi;
- Kappwéi;
- keen Appetit;
- wässeregen Duerchfall.
Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren. Informéiert och direkt den Titulaire vun der Klass, sou wéi, falls noutwenneg, d’Maison Relais.
Falls e Kand wärend der Schoulzäit déi folgend Symptomer sollt opweisen, informéiert den Titulaire d’Elteren vum Kand, déi da gebieden sinn, hiert Kand an der Schoul ofzehuelen. An Tëschenzäit gëtt d’Kand an engem Sall isoléiert, dëst ënnert der Surveillance vun engem Enseignant. D’Elteren si gebieden hiren Dokter opzesichen fir déi weider Suitten ze definéieren.
Mir soen Iech Merci fir Äer Mataarbecht a Versteesdemech.
D’Käercher Léierpersonal