Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Schoul doheem vum 8. bis den 12. Februar

04/02/2021

Fir déi weider Verbreedung vum Coronavirus ze verhënneren, huet d'Regierung decidéiert, den Distanzunterricht vum 8. bis den 12. Februar erem anzeféieren. D'Schoul an d'Maison Relais maachen hir Diren fir 2 Wochen zou. Genau Informatiounen zum Homeschooling kréien d'Kanner an d'Elteren wéi gewinnt vum Titulaire de classe.

Schouldoheem.lu on air

04/01/2021

An der Woch vum 4. bis 8. Januar 2021 ass erem schouldoheem ugesot. Fir de Kanner e puer flott Léiermomenter unzebidden, gi vun dënschdes bis freides all Dag 4 bis 5 Live-Videoen vu jeweils 45 Minutten ugebueden. Fir all Cycle ass eppes derbäi, dest a ganz verschiddene Beräicher. Hei ënnerndrenner fannt dir de Link bei de Programm, sou wéi bei de Youtube-Kanal, wou d'Videoen all Dag gestreamt ginn. Vill Spaass!

Schoul doheem bis den 10. Januar 2021

30/12/2020

D'Regierung huet nei Mesuren decidéiert, fir d'Ausbreedung vum Coronavirus an der Gesellschaft weider méi staark ze bremsen. An deem Sënn wäert d'Maison Relais ab dem 28. Dezember 2020 hir Dieren zoumaachen an d'Schoulen no der Chrëschtvakanz fir eng Woch op de Wee vum Distanzunterrecht goen, dat bis den 10. Januar.
Dir wäert vun äerem Titulaire de classe kontaktéiert ginn, deen Iech wäert matdeelen, wéi an der Woch vum 4. Januar konkret wäert geschafft ginn. Bei weidere Froen oder Problemer si mir selbstverständlech fir Iech do.
Mir wënschen Iech schéin Feierdeeg, e glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet.

1 11 12 13 15 16 17 36

Login